Claude's Hausmaacher Spezialitéiten

Nemmen daat Bescht ass gut genuch!


Gerächerten Salem(Saumon)



  

Am Wanter get et gudden freschen gerächerten Salem (Saumon) .Mer huelen do richteg gudden Norwegeschen Fiord Saumon marineiert  mat freschen Gewürzer ouni Zusätz an Chemikalien,mat Bichenspein gerätzt.

Hausmaacher Pati




Eisen Hausmaacher Pati (och en Wanterproduit)  no engem typesch Letzeboier Rezept gemeet, wat  liecht verfeinert gin ass an natierlech just mat eischtklassegen Saachen an mat freschen Gewürzer ouni Chemie.


Hausmaacher Mettwurschten



Eis fresch Mettwurschten,aus freschem heischwaertegem Fleesch an Naturdärm gin mat Bichenspein gerätzt an mat freschen Gewürtzer verfeinert fier dat se och gut schmaachen. Hei get Nitritsalz weinst der scheiner Farf an Phosphat fier Fleesch ze bannen benotzt.


Fresch gemaachten BBQ Zooss



Fresch  BBQ Zoos agekacht an flotten Fleschen. Wei bei allen Produien get hei ob Chemech Zusätz verzicht an zum Beispill hei zu Tomatenpurée an gerächertem Paprika an nach zu diversen natierlechen Gewürzer zereck gegraff.




            Frescht Gehacktes



Eist Gehacktes besteht aus freschem Schwengefleesch an Rendfleesch. Verfeinert get dat ganzt mat freschem Peiterseileg, Ennen an fresch Gewürzer. Eist Gehacktes ass perfekt  geegend fier ze kachen. Natierlech hun mer och Gehacktes fier ob d'Schmier.

            

              Gromperen Gratin


 


Eisen Gromperen Gratin kritt een an Kilosportiounen. En besteht aus traditionellen Zusätz wei Rahm, Knueweleg, Keis, Gewürzer an natierlech aus freschen Gromperen.

               Eis Reppecher




Eis fresch Reppecher fier ob den Grill oder am Uewen, gin mat gudden Loin-Ribs gemeet. Sie sin an enger spezieller Solper gemeet an fiergekacht. Fier dat ganzt ze verfeineren gin se mat eiser gudder BBQ Zooss marineiert an verpaackt.




               Fresch Hamburger






Eis fresch Hamburger. Gefligel, Kallef, Edamer oder Rend, aus freschen qualitatif heichwertegem Fleesch mat freschen Gewürzer as eng flott Ofwiesselung fier ob den Grill oder an der Paan.





                 Marineiert Kotletten



Eis Kotletten hun 180 -200 gr mat klengen Schanken an sin schein marbreiert. Marinade besteet aus Planzenuelg, Provenz Kräider an aaner freschen Gewürzer.
   



         Marineiert Schwenker




Eis fresch Schwenker hun 200 - 250 gr an hun natierlech keng Schank. Sie sin wei eis Kotletten schein Marbreiert. D'Marinade besteet aus Freschen Kräider an Gewürzer mat Moschtert an freschem Paprika.


           

         Gutt Schwengszoossiss



Eis gut Schwengszoossiss (pur porc) aus noweislech guddem Schwengefleesch am Naturdarm mat grengem Peffer, Knueweleg oder Natur, iwert Bichenholz gerätzt, kritt der ganz fresch. Mir kennen se och bei eis räifen loosen fier ärch, sou wei der se wellt.



                Gerächert Frell


Eng fun eisen Hierchtspezialiteiten. Fresch gerächert Frellen, gesolpert an dono gerächert mat Bichenholz. Ob Wonsch kennen mer och är selwer gefangen Frellen rätzen.



                Eis Wäinzoossiss



Eis fresch Wäinzoossissen aus verschidden Zorten Fleesch an freschen Kräider. Eng gut traditionell Lëtzebuerger Spezialitéit.

Fier an der Paan mat Moschterzooss oder fier um Grill, emmer erem gut.



               Eis Pouletsrouladen



 

Eis Pouletsrouladen wei alles bei eis fresch an häerzhaft. D'Rouladen sin gefellt mat freschen Kräider, Kéis, Basilikum an Haam. Daat ganzt mat Crepinette agepaakt wat ärch dat lestegt ausweckelen mat der Ficelle erspuert an der direkt kennt genéissen.


                

                Portugiesech Bifanaen    



Eis gudd Bifanaen. Fresch hauchdenn geschnidden Schwengsschnitzelen ,mat enger tipesch orginal Portugiesecher Zooss, fier ob den Grill, an der Paan,ob engem Breitchen oder um Teller mat Beilag, emmer rem gut.



               Eis Quorn Kreatiounen ( vegetaresch )     





Op Quornfilet mat verschiddenen Marinaden oder Quornwuppen, garanteieren mer dat et vegetaresch ass. Natierlech ass och desen Produit mat freschen Kräider prepareiert. Eist vegetarescht Quornsortiment wärt sech an nächster Zeit verfeineren an vergreisseren.

               Edamergriller




Fierkel um Spiiss an eis frescht Gegrills



Eis wuel bekannten Edamergriller. Qualitatif an heichwärteg Schwengs- an Rendfleesch,  verfeinert mat freschen Gewürtzer mat freschen mettelgereiften Edamerkeis, einfach nemmen gut.

            

 Fier en Fest en Geburtsdaag oder einfach esou, mat Beilaagen warm oder kaal. Emmer erem eng flott Saach. Mir kennen et bei ärch doheem firun den Leit grillen an et direkt nom grillen zerschneiden an zerweieren oder als Form fun Buffet( eppes wat emmer erem gut unkennt). Bei Wonsch kennen mer esou guer Telleren  an Besteck matbrengen dann brauch der ärch just em Gedrenks ze kemmeren.



Fresch marineiert Hierken





Eis fresch marineiert Hieken mat freschen  Beilaagen. Emmer erem beleift  an en richteg gudden letzeburger Kascht.

       Weldschwein um Grill




Fier Weldliebhaber hun mer am Hierscht wärend der Weldsaison Weldschwein um Grill . Eng Delikates fier Liebhaber.

             Fresch Schnittecher




Eis Schnittecher mat frescher Baguette an Rosebotter. Beluet mat eisen gudden Spezialitéiten an nach villem mei.

Treippen





Eis fresch Treippen kritt een bei eis just am Wanter an well se ganz frech sin just ob Bestellung (1 woch am virraus).




Groen Droht  (Liewerwurscht)




En weideren Saisonalen Produit. Den groen Droht get et bei eis just ob Bestellung (1 Woch am virraus), an dat just während den Wantermeint.

Fresch gekachtenen Buffet ob der Platz





 


 

Mir bidden och en flotten Buffet un mat ob der Platz fresch gekachten Saachen aus eiser mobiler Kichen un. Ob den Biller gesid der eng fun eisen Varianten, eis fresch gemeeten Schnittecher, Kalefsgeschnetzeltes, Prince Orlof mat Quellgromperen an Reis, als Begleedung eng gut fresch Zalot, Schmandzooss mat Freijoerszwiwelen fier bei Gromperen an Brout. Mir kennen bei sou Buffeen Telleren mam Besteck matliweren.Am Wanter vill gefrooten Evenementer sin Hierkenowend mat Gromperen an Zalot an Treippenowenter mat flotten an gudden Beilaagen. Fier weider Froen stinn mer ärch gären zur Verfügung.


Weider  Produien



Mir hun och nach verschidden aaner Saachen an eisem Sortiment wou mer awer nach leider keng Fotoen hun, dei awer geschwen wärten do sin. Mir hun nach Grillwuppen mat Chili . Ebenfalls nach Grillinger fier ob den Grill an fresch Rohesser (Bierknacker). Mir hun och nach Rächerfleesch an Moorenspeck an eisem Sortiment. An fier Feierdeeg kennen mer ärch flott Saachen proposeieren fier Fondue oder eng Pierade.




                Weider Leeschtungen fun eis


Mir bidden eis net nemmen un fier ärch glecklech ze maachen mat klengen Quantiteiten fier den normalen Stoot, mais ebenfalls stin mer ärch gären zur Verfügung fier kleng an grouss Manifestatiounen ( Geburtsdaagsfeieren, Familien Fester an kleng bis mettelgrouss Firmenfeieren). Mir kennen do eis Produien unbidden mat verschidden Beilaagen an Zaloten. Eventuel kennen mer och liichten Service unbidden. Kontakteiert eis einfach iwert Mail oder Telefon fier weider Detailer.