Claude's Hausmaacher Spezialitéiten

Nëmmen dat Bescht ass gutt genuch

Wellkomm ob eiser Seit

 

Stress, Hektik, Zäitdrock a virun allem schlecht Iess Qualitéit versaueren eist Liewen a Gesondheet, a genau do komme mir an Spill.

Mir hun eis zur Aufgab gemaach, ärch mat noweislech freche Produite mat garantéiert natierlechen Zousätz verfeinerte Leckereien ze verwinnen.  Mir sti fir Qualitéit an net fir Quantitéit an dofir hun mer kee Stock, mais ëmmer alles ob Bestellung a frech. Bei eis kenn dir och extra Wënsch erfëllt kréien, souweit et eis méiglech ass.

Kuckt mol an der Rubrik eis Leckereien eran a loosst ärch bei eis iwwerzeegen.


Mir aktualiséieren eis Säit permanent fir ärch um lafenden ze halen. Ënnert der Rubrique Neiegkeeten git der ëmmer gewuer wat mer Neies am Programm hun a wat mer de Moment grad Frësches do hun.


Kontaktéiert eis roueg iwwert Mail, Telefon oder Facebook, mir stinn ärch gäre mat Rot an Dot zur Verfügung.


Gefällt mir

 

Kommt eis och roueg ob Facebook besichen. 

Gästebuch

9 Einträge auf 2 Seiten
Nathalie Thull
23.10.2017 11:25:08
Eis an eisen Invités huet et super gutt geschmaach. Barbecuezooss ass richteg lecker
Straus Anne
23.10.2017 11:24:22
Super Qualitéit an d'Léift schmaacht een eraus!Wärt ab elo Stammclient ginn. Endlech een an der Géigend deen régional Produkter mat Léift verschafft ouni Zousazstoffer.
Lydie Baddé
23.10.2017 11:23:30
Oh wat waren die Hierken gudd.Chapo
Malou Zens
23.10.2017 11:22:32
War alles lecker waat ech bis elo vun dir haat
Claudia Schumacher
19.04.2017 07:46:37
Et wollt jo schonns sou laang schmaachen! Elo hunn ech et gemeet, an direkt mat Besuch... wat soll ech soen? Si waren all begeeschtert!!!
Di nächst Bestellung kennt ganz geschwënn!!!
Anzeigen: 5  10

 


 


 

 


 

4433